Matières

Eng Generalversammlung am Zeeche vun den Iwwerschwemmungen an engem neien Inneminister

Ronn 200 Gemengevertrieder aus 94 vun 118 Gemengen hate sech de 6. Abrëll 1995 bei der Generalversammlung vum SYVICOL am Centre Prince Henri zu Walfer afonnt. D’Regierung war mat gläich zwee Ministere vertrueden: Dem Alex Bodry als Landesplanungsminister an dem Michel Wolter als Inneminister. Fir den haitegen Deputé-maire vu Käerjeng war et den éischten Optrëtt a senger neier Funktioun virun de Gemengevertrieder. Mat derbäi war och säi Virgänger, de Jean Spautz, dee fir seng gutt Zesummenaarbecht wärend 15 Joer mam SYVICOL Merci gesot krut.

Am Mëttelpunkt vun der Generalversammlung stoung niewent der Ried vum President Norbert Konter, dee gläich e puer Mol do virdru gewarnt huet, d’Gemengenautonomie op d’Prouf ze stellen, en Exposé vum Alex Bodry dee sech mam Sujet Iwwerschwemmunge befaasst huet. Am Dezember 1993 an am Januar 1995 hate staark Reefäll héije Schued am Land ugeriicht. Zwou interministeriell Aarbechtsgruppen hate sech mat der Problematik befaasst an no Léisunge gesicht. Et goung dobäi ënner anerem em de Bau vu Réckhaltebecken an d’Renaturéierung vu Baachen a Flëss, Moossname fir déi de Staat 2 Milliarde Lëtzebuerger Frang (ëmgerechent 50 Milliounen Euro) wëll ausginn an dat un der Sauer, der Uelzecht an der Atert. Den Alex Bodry huet un déi national Solidaritéit appelléiert an ugedeit, datt d’Gemenge missten en Deel vun de Käschten droen. Zudeem sollten d’Gemengen och hir Bautereglementer op Schwaachstellen ënnersichen a bestoend Gréngzonen net nëmme fleegen, mee ausbauen.

Zum Schluss vun der Generalversammlung huet de frësch gebakenen Inneminister d’Wuert ergraff an dobäi seng politesch Prioritéite presentéiert. Niewent de kommunalen a regionale Strukture solle keng weider Strukturen derbäi kommen, esou de Michel Wolter, fir deen déi interkommunal Zesummenaarbecht am Kader vun de Gemengesyndikater geschitt. Hien huet an deem Kontext och eng Reform vum Syndikatsgesetz ugekënnegt a koum och op d’Verdeelung vun de Kompetenzen tëschent Staat a Gemengen ze schwätzen. Am Courrier communal vum 25. Abrëll heescht et dozou e bëssi lapidar „… il se défend de l’idée de voir les communes régler le fonctionnement et de laisser l’Etat le soin de payer la note.“

De Minister ass och géint d’Aféiere vun engem sougenannte „congé politique spécial pour la formation des élus“, engem Sujet dee méi wéi jee aktuell ass mat der Refonte vum neie Gemengegesetz, a mat der Consultatioun, déi de SYVICOL am Kader vun engem Sondage a regionalen Online-Ateliere bei de Gemengepolitiker gemaach huet. Dobäi hunn sech d’Gemengevertrieder nämlech fir méi Formatioun ausgeschwat. A wie Formatioun seet, muss och déi néideg Zäit hunn a vu sengem Patron fräigestallt ginn.


Foto: © Archives du SYVICOL/ Anouk Antony (Luxemburger Wort)

Publié le : 06.04.2021

Matières